top of page
self-development-seminar-training-young-

Wee si mir?

 

Competence ASBL ass eng Associatioun déi am Joer 2013 vun HR Spezialisten, Coachen an Traineren gegrënnt gouf fir erfuerene Fachleit ze hëllefen, déi hir Kompetenzen wëllen weider entwéckelen. Eist multinational, multikulturellt a méisproochegt Team huet praktesch a zolidd Kenntnesser vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart an och eng international Experienz.

Déi deeglech Aarbechtserfahrung vun eise HR Spezialisten a Coachen weist hinnen datt, wärend déi meescht grouss Firmen gutt Entwécklungsprogrammer hire Mataarbechter ubidden, dëst oft net de Fall ass a klengen oder Mikrofirmen.

Mir treffen dacks erfuere Fachleit, déi op engem Wende Punkt an hirer Carrière ukomm sinn a sech aus verschiddene Grënn nei orientéiere wëllen: Ännerung vu professionellen Interessen, Verloscht vun der Aarbecht, etc. Vill hunn keen kompetenten Uspriechpartner fir se an hirer Carrière Ännerung z'ënnerstëtzen. Dëst ass virun allem wouer fir Mataarbechter vu klenge Betriber déi net vun Outplacement Mesuren am Fall vun enger Entloossung.

Eis HR Spezialisten an erfuerene Coachen hunn eng Rei Servicer entwéckelt fir dëse Leit ze hëllefen an se ze begleeden.

professional-development-concept-station

Fir eis nächst Eventer ze wëssen, klickt hei.

Maacht mat!

 

Zéckt net eis op de sozialen Netzwierker ze verfollegen fir iwwer eis lescht Neiegkeeten informéiert ze ginn!

Eng Bemierkung?

 

Fir eis Är Kommentarer ze schécken, benotzt de Kontaktformular op dësem Site oder schéckt eis eng E-Mail op info@competence-asbl.com

oder rufft eis un +352 28 99 36 69

 

© 2021 vu Kompetenz asbl. All Rechter reservéiert.

  • Facebook
  • Instagram
  • LinkedIn
  • YouTube
bottom of page