Competence ASBL
Competence ASBL ass eng Associatioun déi vun HR Manageren an HR Spezialisten erstallt gouf fir de Leit ze hëllefen hir Kompetenzen ze entwéckelen.
D'Associatioun intervenéiert a verschidde Beräicher a seng Servicer zielt besonnesch op Schüler oder Studenten wéi och op Leit déi hir Carrière nei wëllen orientéieren.
D’Coachen vun der Associatiou ënnerstëtzen déi Léit déi hier Carrière wëllen näi orientéieren mat engem individuellen “ Bilan de Compétences”. D'Associatioun bitt och Formatiounen an / oder praktesch Ënnerstëtzung bei der Virbereedung vun Kandidaturen.
Competence ASBL organiséiert reegelméisseg Workshopen fir d'Léit bei der Siich no enger Aarbecht ze ennerstëtzen.
No engem “Bilan de Compétences” hëllefen d'Coachen den interesééierten Persounen hire perséinlechen Entwécklungsplang ze entwéckelen an ëmzesetzen.
Eis Coachen ënnerstëtzen d' Persounen, déi hier Organisatiouns oder Management Kompetenzen wëller erweideren duerch individuell Coaching Séancen.
Competence ASBL proposéiert och "Bilans d'Orientation" un fir Schüler a Studenten fir hinnen ze hëllefen hir Studien oder hir éischt Aarbecht ze wielen.
Interventiounen an de Schoulen
Competence ASBL schafft mat Schoulen zesummen fir d'Verbindung tëscht der Schoul an der Aarbechtswelt ze erliichteren andeems d'Coachen Seminairen iwwer verschidde Sujeten animéieren.